MInett Mash Up: Michel Dadario X Zirkuswon Schëffleng
Автор: Minett Unesco Biosphere
Загружено: 2023-06-29
Просмотров: 36
Описание:
De 6. Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen.
De Minett Trail, dee virun eise roude Fuedem fir de Choix vun de Locations ass, féiert zu Schëffleng laanscht de Marxeweier. Dës Plaz an hir Legend si weidert Sujete vun dësem Episod, dee sech awer virun allem op d’Schaffen an der Schmelz konzentréiert.
Eise Gaascht: Michel Dadario
De Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher Karriär Carrière ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.
De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz verzielt.
Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2
Повторяем попытку...
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео
-
Информация по загрузке: