MInett Mash Up: Joel Miltgen X Minièresbunn Doihl
Автор: Minett Unesco Biosphere
Загружено: 2024-09-26
Просмотров: 76
Описание:
Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet am Minett Park Fond-de-Gras traditionell d’Saison op en Enn. Dëse Festival ass ëmmer um leschte Weekend am September. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol zeréck ze goen.
Fir eisen zweete Besuch hate mer dës Kéier Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren.
Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn Doihl
D’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen.
Et ware Membere vum Train 1900, dee schonn an den 1970er gegrënnt gouf, déi 1990 d’Iddi haten d’Offer fir d'Visiteure vun der historescher Eisebunn z’erweideren. 1994 sinn, no intensiven Aarbechten an der Minn, déi éischt Zich ënnerierdesch tëscht den zwee Departen zirkuléiert. Haut besëtzt d’Minièresbunn Doihl 51 Lokomotiven an déi ronn 25 Benevoller këmmeren sech net just drëms d’Zich fueren ze loossen, mä schaffen och un hirer Conservatioun a Renovatioun a kucken d’Schinnennetz an déi al Eisenäerzminn a Stand ze halen.
Eisen Invité vum Mount: Joël Miltgen
Fir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer dëse Mount mam aktuellen Episod vum Minett Mash-Up Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien huet eis fir d’Gespréich mat seng Minn geholl, wou mer méi iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass, an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen.
Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison 2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn deelweis kann zéien.
Méi Informatiounen iwwert dësen Episod an all Links fannt Dir hei:
https://minett-biosphere.com/lu/news/...
Méi Informatiounen iwwert de Minett Mash Up Podcast hei:
https://minett-biosphere.com/lu/proje...
Повторяем попытку...
Доступные форматы для скачивания:
Скачать видео
-
Информация по загрузке: